Aktivitéiten Cycle 1



Adventsmaart 2023

23/11/2023

Adventsmaart - Donneschdeg, den 23. November, vu 16 h un.









Schoulrentrée 23/24

14/09/2023

D'Schoul fänkt nees un.
Freideg, de 15. September 2023.
Et ass Schoul, moies vun 8 bis 12.10 Auer a mëttes vu 14.10 bis 16.00 Auer.





Summerfest

06/07/2023

Eist Schoulfest ass en Donneschdeg, de 6. Juli, mëttes vu 15 - 20 Auer.









Grouss Botz zu Conter

31/03/2023

E Freideg, den 31. Mäerz hunn d'Schoulkanner vu Conter bei der Grousser Botz gehollef.

Nomëttes waren Ateliers zum Thema "Müll" an der Schoul.





Adventsmaart

24/11/2022

En Donneschdeg, de 24. November war 'Adventsmaart' an der Schoul zu Conter.

Matgemaach hunn d'Klassen vun de Cyclen 1, 2, 3 a 4 an d'Maison Relais.





Scheckiwwerreechung - Schoulsportdag 2022

06/10/2022

En Donneschdeg, de 6. Oktober hunn d'Schoulkanner vu Conter offiziell hier gesammelt Spenden vum Schoulsportdag 2022 un déi 2 Organisatiouen kindernothilfe.lu an LUkraine asbl. iwwerreecht. Deen Dag ware Vertrieder vu béiden Organisatiounen an d'Schoul komm. Zesumme goufen 21.473,60 Euro als Hellëf un d'Ukraine gespend.

De 24. Juni waren d'Kanner um Charity Run vum Schoulsportdag 2043 Ronnen, wat 1549 km entsprecht, gelaf.

E grousse BRAVO fir d'Kanner et an en décke MERCI un all Donateuren!