Aktivitéiten Cycle 1



Chèque Iwwereechnung "Adventsmaart"

20/01/2020

D'Kanner an d'Enseignants vun der Conter Schoul sinn houfreg der Associatioun "Les amis de Gambie" 5500 Eur fir hier Projeten spenden ze kënnen. Dëst ass den Erléis vum Adventsmaart, vum 28. November an der Schoul.
D'Kanner hunn de Chèque dann och e Méindeg den 20. Januar u "Les amis de Gambie" iwwereecht.



Adventsmaart 2019

28/11/2019

Dëst Joer ass den Adventsmaart donneschdes, den 28. November zu Conter an der Spillschoul, vu 16.00 bis 19.30 Auer.



Schoulrentrée 2019

16/09/2019

D'Schoul fänkt nees un.
Méindeg, de 16. September.
Et ass Schoul, moies vun 8 bis 12.10 a mëttes vun 14.10 bis 16 Auer.







Grouss Botz

05/04/2019

E Freideg virun der Ouschtervakanz, de 5 Abrëll, hunn all d'Klasse vun der Conter Grondschoul un der grousser Botz vun der Gemeng Conter Deel geholl.
Moies war Botzen ugesot a mëttes goufen verschidden Ateliers zum Thema Energie, Offall an Nohaltegkeet organiséiert.







Schoulrentrée

17/09/2018

Méindes, de 17. September 2018 fänkt d'Schoul nees un.
Et ass Schoul, moies vun 8 bis 12.10 a mëttes vun 14.10 bis 16 Auer.



Schoulfest 2018

12/07/2018

Dëst Joer ass d'Schoulfest donneschdes, den 12. Juli vu 15 - 20 Auer zu Conter an der Schoul.



Schoulsportdag 2018

18/05/2018

E Freideg 18. Mee war Schoulsportdag an der Grondschoul zu Conter.
Moies stung e Bëschrallye zu Méideng am Bësch um Programm a mëttes sinn d'Kanner e Parcours vun 2,5 km rondrëm de Schoulsite gelaf.
Mir soen och der Gemeng an den Elteren e grousse Merci fir hier Hëllef.