Aktivitéiten Cycle 2





Besuch vun der Autorin Meike Haas

10/05/2019

E Freideg, den 10. Mee war déi däitsch Kannerbicherautorin Meike Haas zu Besuch an der Conter Schoul. Si huet de Kanner vum Cycle 2 an 3 aus hiere Bicher, ënnert anerem der "Schurkenstraße 7" virgelies.
Hei de Link op hier Homepage: http://www.meike-haas.de/



Grouss Botz

05/04/2019

E Freideg virun der Ouschtervakanz, de 5 Abrëll, hunn all d'Klasse vun der Conter Grondschoul un der grousser Botz vun der Gemeng Conter Deel geholl.
Moies war Botzen ugesot a mëttes goufen verschidden Ateliers zum Thema Energie, Offall an Nohaltegkeet organiséiert.









Schoulrentrée

17/09/2018

Méindes, de 17. September 2018 fänkt d'Schoul nees un.
Et ass Schoul, moies vun 8 bis 12.10 a mëttes vun 14.10 bis 16 Auer.



Schoulfest 2018

12/07/2018

Dëst Joer ass d'Schoulfest donneschdes, den 12. Juli vu 15 - 20 Auer zu Conter an der Schoul.



Schoulsportdag 2018

18/05/2018

E Freideg 18. Mee war Schoulsportdag an der Grondschoul zu Conter.
Moies stung e Bëschrallye zu Méideng am Bësch um Programm a mëttes sinn d'Kanner e Parcours vun 2,5 km rondrëm de Schoulsite gelaf.
Mir soen och der Gemeng an den Elteren e grousse Merci fir hier Hëllef.