D'Schüler vum Cycle 3.2 spillen e Mëttwoch den Owend, den 31. Mee hire Musical "Rotasia" zu Éiter am Centre Culturel. Ufank: 19.00 Auer Dir sidd häerzlech wëllkomm.
E Freideg, de 26. Mee war nees de "Schoulsportdag" zu Conter an der Schoul. D'Kanner konnten de ganzen Dag verschidde Sportsaktivitéiten ausprobéieren. An dëst mat der Ënnerstëtzung vu ville Sportsveräiner an Associatiounen. Dofir e grousse MERCI.
Vun Dezember bis März huet d'Moralsklass vum Cycle 3.2 e flotte Projet op d'Been gestallt, fir iwert Thema "Gewalt géint Kanner" opzeklären an ze hellefen.
D'Kanner vum Cycle 3.2 (Klassen Gil Künsch, Monique Mousel/Cindy Reding a Laurent Styr) a vum Cycle 4.2 (Klass Nathalie Weis) waren e Mëttwoch den 18. Januar op Wäiswampech Laanglaf fueren. Dono sinn d'Kanner nach Schlitt gefuer.
E Freideg, den 28. Oktober um 14.30 Auer, gëtt dat neit Schoulgebäi vum Cycle 1 mat integréierter Sportshal ageweit, dëst a Präsenz vun de Ministeren Claude Meisch a Romain Schneider.