um Website vun der Grondschoul Conter "um Ewent". Hei kënnt dir Neiegkeeten a ganz vill Informatioune ronderëm eis Schoul fannen. Weiderhinn ass de Site gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten, an dir kënnt eis Schoulbibliothéiken online duerchsichen a Bicher kommentéieren. - Vill Spaass beim Entdecken!
Matt der Ënnerstëtzung vun hire Pappen a Bopien hun d'Schüler e flotte Mammendagskado gebastelt. Weider Fotoen fannt dir op der Klassesäit Nadia Sauber.
D'Schüler vum Cycle 3.2 spillen e Mëttwoch den Owend, den 31. Mee hire Musical "Rotasia" zu Éiter am Centre Culturel. Ufank: 19.00 Auer Dir sidd häerzlech wëllkomm.
E Freideg, de 26. Mee war nees de "Schoulsportdag" zu Conter an der Schoul. D'Kanner konnten de ganzen Dag verschidde Sportsaktivitéiten ausprobéieren. An dëst mat der Ënnerstëtzung vu ville Sportsveräiner an Associatiounen. Dofir e grousse MERCI.
E Freideg, de 7. Abrëll war de Jugendorchester vun der Harmonie Moutfort-Méideng an der Grondschoul fir de Kanner de Spaass un der Musek ze vermëttelen.
Vun Dezember bis März huet d'Moralsklass vum Cycle 3.2 e flotte Projet op d'Been gestallt, fir iwert Thema "Gewalt géint Kanner" opzeklären an ze hellefen.
D'Kanner vum Cycle 3.2 (Klassen Gil Künsch, Monique Mousel/Cindy Reding a Laurent Styr) a vum Cycle 4.2 (Klass Nathalie Weis) waren e Mëttwoch den 18. Januar op Wäiswampech Laanglaf fueren. Dono sinn d'Kanner nach Schlitt gefuer.