um Website vun der Grondschoul Conter "um Ewent". Hei kënnt dir Neiegkeeten a ganz vill Informatioune ronderëm eis Schoul fannen. Weiderhinn ass de Site gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten, an dir kënnt eis Schoulbibliothéiken online duerchsichen a Bicher kommentéieren. - Vill Spaass beim Entdecken!
E Freideg, den 28. Oktober um 14.30 Auer, gëtt dat neit Schoulgebäi vum Cycle 1 mat integréierter Sportshal ageweit, dëst a Präsenz vun de Ministeren Claude Meisch a Romain Schneider.
E Freideg, den 29. Januar hunn d'Schoulkanner aus der Conter Grondschoul déi gesammelt Suen vun hierem Chrëschtmaart a Präsenz vum Buergermeeschter M. Fernand Schiltz an engem Vertrieder vu Rokku Mi Rokka un déi 3 ausgewielten Organisatiounen iwwereecht: Télévie 2100 Eur, ASTM 2100 Eur a Rokku Mi Rokka 2600 Eur.
Die deutsche Diplom-Sprechwissenschaftlerin, Vorleserin und Literaturvermittlerin, Tina Kemnitz, wird am 1. Februar 2016 Buchempfehlungsshows für die Kinder des 2, 3 und 4 Zyklus veranstalten. Diese Vorlesungen werden vom Erlös des Schulfestes übernommen.