Wollefszant op DVD

06/12/2018

Den Alex Espigares , Réalisateur vum Film "Wollefszant" ass dëse Samschdeg, den 8.12.2018 tëscht 15.00 an 17.00 Auer an der Belle Etoile beim Ernster fir d'DVD vun sengem Film virzestellen an ze signéieren.

D'Kanner aus dem Cycle 3 a 4 waren am Mee dëse Film iwwer e Wollefshond (inspiréiert nom Roman vum Jack London) an de Kino kucke gaang. Den Alex Espigares hat hinnen duerno Ried an Änwert ginn iwwer all méiglech Froen, déi si haten.

Nomëttes de selwechten Dag huet hien enger Klass vum  Cycle 4 weider erkläert, wéi en Animatiounsflim réaliséiert gëtt.

D'Klass C3.2 vun der Madamm Thoma huet um Uschloss un de Film e Buch fir den Alex gemolt a geschriwwen. Dir kënnt iech hei d'Biller vun dësem Buch ukucken.

Vill Spaass dobäi


» Biller