THiLO

13/03/2020

E Freideg, den 13. März, ass den däitschen Auteur THiLO op Conter an d'Schoul komm fir de Kanner aus de Cyclen 2, 3 a 4 aus senge Bicher virzeliesen.
Am Cycle 2 huet hien de Kanner aus sengem Buch "Wickie" virgelies, am Cycle 3 huet den THiLO de "Sherlock Junior" presentéiert an am Cycle 4 huet hien "Animal Heroes" virgestallt.
No der Virliesung hunn d'Kanner dem THiLO vill Froe gestallt.
Zum Schluss haten d'Kanner d'Méiglechkeet e Buch ze kafen an et signéieren ze loossen. D'Kanner konnten awer och eege Bicher signéiere loossen. All Kand krut en Autogramm.




» Biller